Den DÉCKE BUTTIK fonctionnéiert wéi ee POPUP-Store. Fir déi, déi dee Prinzip net kennen: POPUP-Store gi spontan do opgemaach wou grad eng Geschäftsfläch eidel steet. Dobäi ass e POPUP-Store oft an engem Geschäftslokal dat sou wi sou eidel steet a kann dëst beliewen bis en feste Locataire fonnt ginn ass. 

Al Produkt oder Dingschtleeschtung muss mindestens enger vun deenen 6 Kategoriën ugehéieren. Sou garantéieren mir Iech, dass dir ëmmer intressant an individuell Produiten an Dingschtleeschtungen fannt, déi qualitativ héichwäerteg sinn an déi een sou net an enger Grand Surface fënnt.


Entreprisen déi Hëllefen,
déi duerch hier Aarbecht eppes gudde vir d‘Gesellschaft maachen oder en Deel vun hirem Ëmsetz spenden.

(z.B.: Integratiounsprojet, Spendenverein, Atelier Protégé etc.)

Ëmweltfrëndlech Entreprisen,
déi duerch verschidde Mesuren an hirem Betrib d‘Ëmwelt schounen.

 

(z.B.: Upcycling, Produktioun ouni Schuedstoffer, Zero-Waste-Produkter, etc.)


Lokal Produkter,

wou d‘Matière Première aus Lëtzebuerg staamt oder wou d‘Matière importéiert an a Lëtzebuerg zu engem Produit weiderverschafft gëtt.

(z.B.: regional Liewensmëttel, handwierklech verschafft, etc.)

Bio oder FairTrade Produkter,
di entweder de fairen Handel ënnerstëtzen oder ouni Schuedstoffer produzéiert gi sinn.

 

(z.B.: Bio-Liewensmëttel, fair gehandelt Moud, etc.)