Waat fannen ech am décke buttik?

Al Produkt oder Dingschtleeschtung muss mindestens enger vun deenen 6 Kategoriën ugehéieren. Sou garantéieren mir Iech, dass dir ëmmer intressant an individuell Produiten an Dingschtleeschtungen fannt, déi qualitativ héichwäerteg sinn an déi een sou net an enger Grand Surface fënnt.

Entreprisen déi Hëllefen,
déi duerch hier Aarbecht eppes gudde vir d‘Gesellschaft maachen oder en Deel vun hirem Ëmsetz spenden.

(z.B.: Integratiounsprojet, Spendenverein, etc.)

Ëmweltfrëndlech Entreprisen,
déi duerch verschidde Mesuren an hirem Betrib d‘Ëmwelt schounen.

 

(z.B.: Upcycling, Produktioun ouni Schuedstoffer, etc.)

Entreprisen mat néien Iddien,
déi aussergewéinlech Dingschtleeschtungen ubidden.

 

(z.B.: Eventmanagment, Dogsitting, etc.)


Spézialitéiten aus aller Welt,
di a klénge Quantitéite produzéiert gi sinn an typesch vir déi Regioun si wou se hier kommen. 

 

(z.B.: kulinaresch Spezialitéiten, Design, etc.) 

Lokal Produkter,

wou d‘Matière Première aus Lëtzebuerg staamt oder wou d‘Matière importéiert an a Lëtzebuerg zu engem Produit weiderverschafft gëtt.

(z.B.: regional Liewensmëttel, handwierklech verschafft, etc.)

Bio oder FairTrade Produkter,
di entweder de fairen Handel ënnerstëtzen oder ouni Schuedstoffer produzéiert gi sinn.

 

(z.B.: Bio-Liewensmëttel, fair gehandelt Moud, etc.)