Aussteller am Dezember '15

1. Théa Peschon

2. Imprimerie Reka

3. Natalie Zimmer

4. Tine Krumhorn

5. Atelier Créat'Our

6. Muppendesign by Anne

7. Mallorca Bodega

8. äddi & merci

9. Bob Jeans

10. Bumerang

11. Manoir Kasselslay

12. SNJ Upcycling Team

13. Forum pour l'emploi

 

SPECIAL : Fondatioun Wonschstär


1. Théa Peschon — Abstrakt Molerei

D’Théa Peschon-Colbach ass iwwer d’Seidemolerei an den Aquarell eigentlech spéit zum Acryl komm. 2002 huet hat ugefang an der Summerakademie a bei verschiddenen in- an auslännesche Kënschtler sech dat néidegt Wësse bäizebréngen. Zanterhier moolt hat mat Begeeschterung a sengem Atelier am Préizerdaul, mëscht Ausstellungen, an huet scho méi ewéi ee Präis mat heem geholl.

FB : Théa Peschon

 

 


2. Imprimerie Reka — Ëmweltbewosst Drécken

www.reka.lu

E-MAIL : info@reka.lu

TEL. : (+352) 48 26 36 – 1

 

ADRESS :

2a, ZARE Ilot-Est

L-4385 Ehlerange


3. Natalie Zimmer

D'Natalie Zimmer stellt am Dezember hir Bijouscreatiounen am "décke buttik" aus. Dachs axéiert op de Rank, entwerft si och Ouerréng a Ketten. Hir Creatioune sinn Eenzelstécker oder kleng Serien, oft massiv a matt, am Sëlwer 925 an am Gold 18 Kt, munchmol kombinéiert mat Steng oder Pärelen. Hir Creatioune ginn normalerweis eleng gedroen als "eyecatcher". Si huet hiren Atelier am Creative Hub 1535°C zu Déifferdeng. Zesumme mat der Designerin Tine Krumhorn huet si d'Bijouscollectioun "Duo" entworf, déi och am "décke Buttik" ausgestallt ass.

www.nataliezimmer.lu

FB : Natalie Zimmer

E-MAIL : contact@nataliezimmer.lu

 

ADRESS :

115a, rue Emile Mark

L-4620 Differdange


4. Tine Krumhorn

Artiste indépendante - designer - scénographe 

Créatrice de mobilier, Tine utilise des matières aux origines diverses. Sur une âme en carton, Tine applique différentes textures telles que colles, papiers, fibres. Elle crée ensuite des patines à base de pigments naturels et de cires. C’est ainsi que la combinaison de ces éléments donne naissance à sa propre matière : le CARTEX°.

Outre la création de meubles, Tine aime se diversifier… objet d’art, accessoires, packaging,

www.made-by-tine.com

FB : Tine Krumhorn

TEL. : +33 (0)6 33 85 39 88 

 

ADRESS :

115a, rue Emile Mark

L-4620 Differdange


5. Atelier Créat'Our — Keramikatelier

De klenge Keramikatelier vum Claudine Pint-Lieners ass am Dezember dobäi am décke buttik.

Als Autodidakt huet d'Claudine 1998 ugefaangen am Keramik ze schaffen an huet seng éischt Erfahrunge mat Leem gemaach. Bis haut ass hat ëmmer rëm op een Neits begeeschtert wat een, alles aus deem "Näischt" deem "einfache Buedem, dem Leem„ formen an erschaffe kann. Virun allem gëtt am Atelier mat der Rakutechnik (Rauchbrand) geschafft. D' Struktur vum Rakubrand kombinéiert sech gutt mat der Optik vum Eisen, dofir kreéiert hat gäre Wierker aus Keramik mat Metall, wou hat an hire Mann ee gutt Team sënn. Duerch de Brennprozess an der Rakutechnik ass all Konschtwierk eent Eenzelstéck.

www.atelier-creat-our.lu

FB : Claudine Pint-Lieners

 

Adress – Atelier

17, rue Principale

L-9463 Stolzembourg


6. Muppendesign by Anne — Alles vir den Mupp!

Ëmmer méi Leit sichen handgemaachten Artikelen, firwat net och fir Muppen. Dir sicht vläit e Chrëschtdagscadeau fir äre Mupp, op en Halsband, Geschir, Impfpasshüllen oder Spillsaachen.

D'Anne Wagner an d'Susi, seng Bitzmaschinn, maache genau déi Saache fir Iech an äre Mupp. Op Wonsch och gäre personaliséiert mat Numm.

FB : Muppendesignby AnneWagner

 


7. Mallorca Bodega

Mallorca ass d’Vakanzendestinatioun Nummer 1 vun de Lëtzebuerger. D’Mier d’Sonn an d’Landschaft lackelen all Joer zéch dausende Leit op d’Balleareninsel. 

Do dernieft ass Mallorca awer och bekannt fir seng gutt Kichen an och de Wäin. Elo ass dëse Wäin och zu Lëtzebuerg ze kréien. D’Mallorca-Bodega.lu vu Steeën, presentéiert am "décke buttik" een Deel vun de Produiten déi si zanter 1. Joer ubidden. Dorënner si wäiss-, rosé- a rout-Wäiner. De perséinleche Kontakt zu de Wënzer ass der Mallorca-Bodega.lu wichteg. Dofir schaffen si och just mat klénge Bodegas zesummen. Nieft dem Wäin gehéieren awer och d’Oliven an de Olivenueleg vun Solivellas zu hirem Assortiment. D´Flor de Sal vun Es Trenc ass mëttlerweil an de beschte Restauranten vun der Welt bekannt. Och dat ass bei Mallorca-Bodega.lu ze kréien. Genee wéi och den Gin Eva deen et a kuerzer Zäit bis an d´Bibel vu gebranntenen Destillater, Out of the Jar, gepackt huet.  

KONTAKT :

 

www.mallorca-bodega.lu

FB : Mallorca-Bodega.lu

TEL. : 26 80 47 20

 

ADRESS :

17, rue Nic Pletschette

L-9186 Stegen


8. äddi & merci

A soss?

Loscht, mat Denger Kleedung opzefalen?

Dat klappt wonnerbar mat engem Produit vun "äddi & merci". 

De Lëtzebuerger Label produzéiert T-Shirten an Hoodien – awer och Poschen – mat flotten Lëtzebuerger Spréch. 

An dat an Top-Qualitéit a fair produzéiert.

www.aeddi-a-merci.lu

FB : äddi a merci

E-MAIL : info@aeddi-a-merci.lu


9. Bob Jeans

BOB JEANS mam Ina van der Wijk & Carla Kraus kuerz "CARLINA'S" sinn am Dezember am "décke buttik" mat dobäi. Si freeën sech äre Kleederschaf fir d'Festdeeg bëssi ergänzen ze kennen. Bei hinne fannt dir vill flott Accessoirë vir Dammen an Hären, awer och mol dat eent oder anert Kleedungsstéck, sief et eng Jackett, en Rack, a vill aner flott Stecker. 

 


10. Bumerang

Bumerang ass eng kleng dynamesch Firma déi den 20ten Abrëll 2015 gegrënnt gouf. Déi néideg Erfahrung hunn si während e puer Joren ënnert hirer asbl "Events for You(th)" gesammelt.

Hiren Objet ass et de Leit gutt organiséiert Eventer oder Firmefeieren ze bidde mee awer och aner Servicer wei qualitativ Design (Affichen, Visitëkaarten, Logo’en etc. ), booking vu Kënschtler an DJ’en oder d’Locatioun vun Eventmaterial.

FB : Bumerang

E-MAIL : info@bumerang.events


11. Manoir Kasselslay

Duerch hier laang Erfahrung am Beräich vun der Gastronomie ass den Manoir Kasselslay fir hier qualitativ héichwäerteg Kiche bekannt. Säit 2 Joer schaffen si lo och un enger eegener Gamm "le cru et le cuit" mat verschiddenen ageluechten oder agekachte Spezialitéiten. Vun Gebeess iwwert ageluechte Kornischongen, all Rezept ass vum Chefkach perséinlech entwéckelt an a Kooperatioun mat regionale Produzenten entstan. All d'Produiten kommen ouni kënschtlech Zousazstoffer aus! Gekacht gëtt wéi fréier, an dat schmaacht een och!

www.kasselslay.lu

FB : Manoir Kasselslay

E-MAIL : contact@kasselslay.lu

TEL. : (+352) 95 84 71

 

ADRESS :

Maison 21

L-9769 Clervaux/Roder


12. SNJ — Upcycling Team

De Projet « Upcycle your life » ass eng Offer vum Service national de la jeunesse (SNJ) an adresséiert sech un Jugendlëch am Alter vun 16 – 29 Joër, déi sech an enger Iwwergangsphase tëschent Schoul a Beruff befannen.

Während dem Projet léieren Jonker wéi een aus Offall- a Reschtstoffer néi Produiten hierstellen oder « aalem Geschier » e néit Liewen kann ginn. De Projet bidd soumadder d’Méiglechkeet kreativ ze sinn, sech mam Sujet Upcycling an Recycling auserneen ze setzen an sech zesummen matt aaneren Jugendlëcher ze engagéieren.

Dësen Exercice gëtt duerch diploméiert Designer, Grafiker, Architekten ungeleet. Niewebai kréihen di Jonk awer och Ënnerstetzung bei den Démarchen fir zeréck an d’Schoul oder an d’Beruffsliewen ze fannen, dëst duerch sozialpädagogesch Begleedung duerch den SNJ.

Den Erléis vum Verkaaf gëtt fir e gudden Zweck gespend.

www.upcycling.lu

FB : SNJ Upcycling

E-MAIL : info@upcycling.lu

TEL. : (+352) 87 93 97

 

ADRESS :

53, rue Osterbour

L-7622 La Rochette


13. Forum pour l'emploi 

Duerch eng grouss Diversitéit vun den Beräicher an den Personnagen ass et eis méiglech nei Projeten z’entwéckelen. Zu dësen Projeten gehéiert och eisen Dekoratiounsatelier! Zanter puer Méint schafft dësen all Dag drun Iech eng Panoplie un Produiten fir Feierdeeg kennen ze presentéieren. Vun hëlzen Chrëschtbeemercher iwwert Adventskränz, all eisen Artikelen entstinn vun Demandeuren, déi mat grousser Freed un der Aarbecht an Enthusiasmus dësen Atelier opliewen loossen.

www.fpe.lu

FB : Forum pour l'emploi

E-MAIL : info@fpe.lu

TEL. : (+352) 80 48 85 – 1

 

ADRESS :

20, route d'Ettelbrück

L-9230 Diekirch


SPECIAL : Fondatioun Wonschstär

D'Fondation Wonschstär huet sech zum Ziel gesat Mënschen, déi opgrond vu Krankheeten, Accidenter oder Schicksalsschléi hiert alldeeglecht Liewen extrem erschwéiert kruten, ze hëllefen. Eisen Grondgedanken ass, dass jiddereen d'Méiglechkeet soll hun „seng Dreem ze verwierklechen“.

Leider sin d’ Viraussetzungen fir dëst universellt Recht net fir jiddereen gläichermoossen gin, an dofir probéieren mir duerch Begleedung an Ënnerstëtzung deene Leit ze hëllefen, déi de Glawen un d’Verfollegen an Erreechen vun hieren eegenen Zieler an Liewensdreem, deelweis oder souguer scho ganz verluer hun. Dofir dass Dreem net nëmmen Dreem bleiwen mussen, sin schéin Momenter an den Ausbléck op eng besser Zukunft déi beschte Medezin fir rëm Hoffnung an Stäerkt ze gewannen. Eis Fondatioun wëll weisen, dass een wann een well, immens vill ereechen kann, et soll een ni d'Hoffnung verléieren. 

www.wonschstaer.lu

FB : Wonschstär

E-MAIL : info@wonschstaer.lu

TEL. : (+352) 671 888 000

 

ADRESS :

36,an der Strachen

L-7362 Bofferdange