Adress:

31, Grande Rue zu Ettelbréck

(bei der Botterfra)

AUSSTELLER AM Februar '16

1. Bitzatelier Butzengebitztes

     Butzenstoff Buttek 

2. Bitzstuff beim Annette

3. Éilenger KonschtWierk

4. DÉCKE BUTTIK Abrëll Special

5. Akabobus

6. PINUU

7. An der Spënnchen

8. Muppendesign by Anne

9. Ligue HMC

10. Atelier Preciosa

11. Walking on Fluo


1. Bitzatelier Butzengebitztes & Butzenstoff Buttek 

Nodeems ech 19 Joer op enger Bank geschaft hun, wollt ech einfach mool kreativ gin an hu bitze geléiert. Am Ufank hun ech just vir meng 3 Kanner gebitzt mee séier hu Bekannter mech gefroot vir och eppes gebitzt ze kréien. A well ech voller Stolz meng Saachen emmer op Facebook posten, gin et lo vill Leit deenen ech eppes personaliséiertes, einmoleges vir hier Kanner maache kann. 

 

Karin Wudchen vun Den Bitzatelier Butzengebitztes

FB : Den Bitzatelier Butzengebitztes


Wéi d'Karin ugefaang huet vir eis Kanner Kleeder ze bitzen, hu mer séier festgestallt, dass flotte Kannerstoff hei am Land Mangelware war. Dunn ass eis d Idi komm eise Stoff selwer bei de Grosisten ze kafen. A well vill Mammen an der Lescht ugefaangen hunn hire Kanner eegegebitzte Kleeder ze maachen, hu mir decidéiert e Stoffbuttek opzemaachen. Sou hu mer haaptsächlech vill Kannerstöfter aus Jersey, Kotteng, Fleece asw mat dozougehéirend Kombistöfter bei eis am Buttek zu Cruchten oder op www.tissus.lu 

 

Alain Ries aus dem Butzestoff Buttek

www.tissus.lu

FB : Butzestoff Buttek

 

Adress:

6, Kinnekswee L-7421 CRUCHTEN

Tel 691 18 19 69


2. Bitzstuff beim Annette

De 15. September 2011 hunn ech d'Bitzstuff zu Groussbus op

1, rue du Brill opgemaach. Am Oktober 2015 hunn ech mat Erfolleg d'Meeschterprüfung als Néiesch ofgeschloss. An der Bitzstuff kritt Dir Gezei op Mooss gemaach. Fir interesséiert Leit organiséieren ech eng Zesummenaarbecht mat der Designerin Céline Bijleveld. Mir maachen awer och all Zorte vu Retouchen. 

 

Am Buttik fannt Dir Woll vun Austermann, Schachenmayr, Regia an Adriafil. An der Mercerie si folgend Marke vertrueden: Prym, Clover, Gütermann a Mediac. Mir hunn och ee grousst Sortiment u verschiddene Knäpp, ënner anerem vun de Firmen Union Knopf, Jim Knopf an Dill. D'Haaptfournisseure fir eis Stëfter sinn d'Firme Swafing, Westfalen a Rowan. Am Stoffsortiment féiere mir Cotténg, Jersey, Jeans, Sweat, Filz, Alcantara, Konschtlieder, Nicki, Bio-Cottéeng-Plüsch an anerer.

 

Ech freeë mech Iech am Buttik, op der Facebook-Säit "Bitzstuff beim Annette" oder op eisem Internet-Site "bitzstuff.com" begréissen ze kënnen. 

 

Annette Olinger-Betz

 

www.bitzstuff.com

FB : Bitzstuff beim Annette

 

Atelier:

1, rue du Brill

GROSBOUS

 


3. éilenger Konschtwierk (ATP)

4. Décke Buttik "Design-Special"

Den DESIGN-SPECIAL ass en Artikel, deen den DÉCKE BUTTIK entdeckt huet a vir ee Mount a sengem Buttik ubitt. Entweder ass et en ëmweltfrëndlechen Artikel deen dozou gutt ausgesäit oder eng Artikel dee besonnesch ass duerch säin ausgesinn, den Iddie si keng Grenze gesat. 

 

Dësen Mount stelle mer Iech d'Plumen-Spuerbire vir. Et sinn einfach Biere mat déckem Gewënn, déi sech iwwerall aschrauwe loossen. Si hale laang a sinn dobäi ëmweltfrëndlech well se wéineg Stroum verbrauchen.

Duerch hier Einfachheet am Design loossen se sech mat alles kombinéieren a sinn en richtegen Hikucker. Langweileg an elle Spuerbire sinn domadder passé :)

 

D'Bieren kann ee vir 34,50/Stéck am Buttik kafen. 

DÉCKE BUTTIK "DESIGN-SPECIAL" zu Ettelbréck 31, Grande Rue (Bei der Botterfra)


5. Akabobus

Envie de vêtements 100% bio et 100% fairtrade?

AKABO, est un nouveau concept shopping unique en son genre au Grand-Duché.

 

Dans un bus entièrement transformé en “fashion store”, AKABO propose une mode certifiée 100% bio et 100% fairtrade. À bord on trouve une sélection exclusive de vêtements pour hommes et femmes, fabriquée de manière écologique, 100% équitable tout en conservant un style chic et moderne. Nous avons les marques suivantes: armedangels; bleed; recolution; roomtoroam; knowledge cotton apparel; etc…

 

Pour le planning des arrêts et les heures d’ouverture du AKABOBUS visitez www.akabobus.com

www.akabobus.com

FB : Akabobus

E-MAIL : info@akabobus.com


6. PINuu

PINUU is the first jewelry project of the young fashion designer Julie Blau.

 

The collection took its inspiration from tribal people, who use materials provided by their natural environment to create beautiful jewellery.

 

The collection’s first pieces of jewellery were created with leftover materials from a knitting project.The other handcrafted objects are also made out of a variety of different recyclable materials; cotton yarn, coconut yarn, hemp yarn, wood, shells, dried fruit skin, leather and copper. The end product is a contemporary jewellery collection for the fashion and environmentally conscious woman of today.

www.julieblau.de

FB : PINUU

 


7.  An der spënnchen


8. Muppendesign by anne Wagner

Dir maacht Ierch an Ärem Mupp gären eng Freet? D'Anne Wagner vum Muppendesign bitzt alles fir den Mupp. Op personnaliseit oder op Mooss, d' Anne bitzt alles op Wonsch vum Client, esou entstinn eenzegarteg Unikater wei keen anneren se hued.

FB : Muppendesignby                             AnneWagner


9. Ligue HMC


10. Atelier Preciosa


11. Walking on Fluo

Walking on Fluo ass de Numm fir dem Claire Flammang seng ënnerschiddlechst Aktivitéiten ze benennen, déi vu praktesch bis konzeptuell gin, an tëscht héiger an trivialer Konscht schwiewen.

 

Nieft Fotografie, visueller Konscht an aneren kreativen Experimentatiounen widmet d’Claire sëch der Bijoux-Kreatioun, eng grouss Passioun vu klengem un, sou nom Motto “a little Glitzi never hurts”, an “a jewel a day keeps the sorrow away”! 

 

Zäitgenösseg a vintage Récupératiounsmaterial (Pabeier, Stofft, Lieder, Plastik an anere Krimskrams), Glas- a Kristallpärelen aus ënnerschiddlechen Länner gi jee no Laun a Iddi verwäert.

 

Inspiratiounsquellen sinn den Alldag, d’Welt vun der Grafik, d’Fuerwen vun der Moud, d’Lait op der Strooss, d’Mëschen vun ennerschiddlechen Gattungen, d’Kombinatioun vun Kontraster an awer och ural Techniken, wei Bitzen an, ganz aktuell, Häkelen.

e-mail : claire.flammang@me.lu

FB : Walking on Fluo