Adress:

31, Grande Rue zu Ettelbréck

(bei der Botterfra)

AUSSTELLER AM Februar '16

1. Bitzstuff beim Annette

2. Bamboo and Cotton

3. frai

4. Walking on Fluo

5. äddi & merci

6. Urban Kontrast 

7. Ligue HMC

8. Haff Ditgesbaach

9. By Siebenaler

10. Moon and Me

11. frai


1. Bitzstuff beim Annette

De 15. September 2011 hunn ech d'Bitzstuff zu Groussbus op

1, rue du Brill opgemaach. Am Oktober 2015 hunn ech mat Erfolleg d'Meeschterprüfung als Néiesch ofgeschloss. An der Bitzstuff kritt Dir Gezei op Mooss gemaach. Fir interesséiert Leit organiséieren ech eng Zesummenaarbecht mat der Designerin Céline Bijleveld. Mir maachen awer och all Zorte vu Retouchen. 

 

Am Buttik fannt Dir Woll vun Austermann, Schachenmayr, Regia an Adriafil. An der Mercerie si folgend Marke vertrueden: Prym, Clover, Gütermann a Mediac. Mir hunn och ee grousst Sortiment u verschiddene Knäpp, ënner anerem vun de Firmen Union Knopf, Jim Knopf an Dill. D'Haaptfournisseure fir eis Stëfter sinn d'Firme Swafing, Westfalen a Rowan. Am Stoffsortiment féiere mir Cotténg, Jersey, Jeans, Sweat, Filz, Alcantara, Konschtlieder, Nicki, Bio-Cottéeng-Plüsch an anerer.

 

Ech freeë mech Iech am Buttik, op der Facebook-Säit "Bitzstuff beim Annette" oder op eisem Internet-Site "bitzstuff.com" begréissen ze kënnen. 

 

Annette Olinger-Betz

 

www.bitzstuff.com

FB : Bitzstuff beim Annette

 

Atelier:

1, rue du Brill

GROSBOUS

 


2. Bamboo & cotton

Nohaltegen Konsum ass nët ëmmer einfach - awer nët onméiglech. Bamboo and Cotton versicht jonken Familjen den Schrëtt an Richtung Nohaltegkeet ze vereinfachen. Niewt Stoffwëndelen, bidd Bamboo and Cotton eng Selektioun vun héigwertegen Artikelen, déi eis Ressourcen schounen an schadstoffräi sinn: sou zum Beispill Puppelcherskleedung aus biologeschem Kotténg, ökologescht Wäschmëttel oder och biologesch ofbaubart Geschier aus Bambus.

 

Op fir jonk Elteren oder Leit déi sech gär no engem léiwen Cadeau géifen ëmkucken - hei gidd dir sëcherlech fündeg.

www.bambooandcotton.lu

FB : Bamboo and Cotton

E-MAIL : stephanie@bambooandcotton.lu


3. Frai

4. Walking on Fluo

Walking on Fluo ass de Numm fir dem Claire Flammang seng ënnerschiddlechst Aktivitéiten ze benennen, déi vu praktesch bis konzeptuell gin, an tëscht héiger an trivialer Konscht schwiewen.

 

Nieft Fotografie, visueller Konscht an aneren kreativen Experimentatiounen widmet d’Claire sëch der Bijoux-Kreatioun, eng grouss Passioun vu klengem un, sou nom Motto “a little Glitzi never hurts”, an “a jewel a day keeps the sorrow away”! 

 

Zäitgenösseg a vintage Récupératiounsmaterial (Pabeier, Stofft, Lieder, Plastik an anere Krimskrams), Glas- a Kristallpärelen aus ënnerschiddlechen Länner gi jee no Laun a Iddi verwäert.

 

Inspiratiounsquellen sinn den Alldag, d’Welt vun der Grafik, d’Fuerwen vun der Moud, d’Lait op der Strooss, d’Mëschen vun ennerschiddlechen Gattungen, d’Kombinatioun vun Kontraster an awer och ural Techniken, wei Bitzen an, ganz aktuell, Häkelen.

e-mail : claire.flammang@me.lu

FB : Walking on Fluo 

 

 


5. äddi & merci

A soss?

Loscht, mat Denger Kleedung opzefalen?

Dat klappt wonnerbar mat engem Produit vun "äddi & merci". 

De Lëtzebuerger Label produzéiert T-Shirten an Hoodien – awer och Poschen – mat flotten Lëtzebuerger Spréch. 

An dat an Top-Qualitéit a fair produzéiert.

 

www.aeddi-a-merci.lu

FB : äddi a merci

E-MAIL : info@aeddi-a-merci.lu


6. Urban Kontrast

 

FB : Urban Kontrast

 

 


7.  Ligue HMc

8. By Siebenaler

D’Iddi vum Label BySiebenaler ass 2010 entstan. D’Iddi wor fir Musteren an Faarwen, inspiréiert aus der Natur an mat Hëllef vun Fotoen an Zeechnungen, op Stoff ze bréngen. Esou sollen d’Kleeder, wéi och d’Schaler den Mënsch inspiréieren an en mat Fantasie aus dem Alldag erausstiechen loossen.

 

Hannert dem Label stécht d’Nathalie Siebenaler. Eng jonk Kënschtlerin vun Berdorf, aus enger Regioun déi besser bekannt ass als “kleng Lëtzebuerger Schwäiz”. Als studéiert Moudedesigner, Stilistin, an diploméiert Néiesch, huet hat vill Erfahrung bei groussen internationalen Moudhäiser gesammelt duerch d’ganz Welt kënnen sammelen. Iwwer Paräis, Melbourne an Seoul huet hat esou säin Wee zeréck op Lëtzebuerg fonnt fir sech hei selbstänneg ze maachen, mam Fokus op Owes-/ Brautkleeder an Schalen.

 

All Kollektioun ass eng Transformatioun vun ganz alldeeglechen Objet’en, mat engem extravagantem Design. Besonnesch d’Natur an hirer ganzer Schéinheet spillt hei eng prinzipiell Roll. Déi aktuell Schalkollektioun ass inspiréiert un Fotoen vun ofgenotztenen Maueren, Steng, Objekter aus em Alldaag an Molereien aus Aquarelle an Encre de chine. D’Auswiel vun den verschiddenen Faarwen berout oft op der Photographie selwer an probéiert d’Tendenzen vun der jeweileger Saison erëmzeginn. Esou entsteet eng natierlech Symbios tëscht den Motiver, Faarwen an Stoff.

 

All Kollektioun gëtt an enger limitéierter Oplag gedréckt, woubäi all Motiv een eenzegaartegt Konschtwierk representéiert. Den Stoff, meeschtens Seid oder Kotteng, awer och Modal, gëtt speziell vir dësen Zweck erausgesicht, an dann digital an England oder Italien mam Motiv bedréckt. Vir d’Wanterkollektioun ginn et dann och mat Cachmire geduebelt Schalen.

 

Geschafft gëtt zu Berdorf an engem Atelier, wou een op rendez-vous kann laanscht kommen vir Umoossen oder eventuell speziell Wënsch. 2015 krut BySiebenaler den Label Made In Luxembourg vir d’Schalen, 2016 koum den Label och vir d’Owes- an Brautkleedung dobäi.

www.bysiebenaler.com

FB : By Siebenaler


9. Haff Ditgesbaach


10. Moon and Me

Ech si 16 Joer al an hunn virun engem gudde Mount ugefaang mat Goldschmieden. Ech schaffe mat Sterling Sëlwer an echten Edelsteng. All eenzele Bijou gëtt vu mir als eicht entworf an dann op der Hand geseet. Ech investéiere gewéinlech 3-5 Stonnen an ee Bijou.