6 Entreprisen- & Produktkategorien

Fir matzemaache muss ee mindestens ee vun eise 6 Kategoriën ugehéieren. Duerch des Kategorië versiche mir d'Qualitéit am Buttik ze garantéieren. Dovunner profitéiere souwuel d'Verkeefer an Dingschtleeschtungen déi am Buttik ausstellen, awer och d'Clienten déi an de Buttik akafe kommen.

Entreprisen déi Hëllefen,
déi duerch hier Aarbecht eppes gudde vir d‘Gesellschaft maachen oder en Deel vun hirem Ëmsetz spenden.

(z.B.: Integratiounsprojet, Spendenverein, etc.)

Ëmweltfrëndlech Entreprisen,
déi duerch verschidde Mesuren an hirem Betrib d‘Ëmwelt schounen.

 

(z.B.: Upcycling, Produktioun ouni Schuedstoffer, etc.)

Entreprisen mat néien Iddien,
déi aussergewéinlech Dingschtleeschtungen ubidden.

 

(z.B.: Eventmanagment, Dogsitting, etc.)


Spézialitéiten aus aller Welt,
di a klénge Quantitéite produzéiert gi sinn an typesch vir déi Regioun si wou se hier kommen. 

 

(z.B.: kulinaresch Spezialitéiten, Design, etc.) 

Lokal Produkter,

wou d‘Matière Première aus Lëtzebuerg staamt oder wou d‘Matière importéiert an a Lëtzebuerg zu engem Produit weiderverschafft gëtt.

(z.B.: regional Liewensmëttel, handwierklech verschafft, etc.)

Bio oder FairTrade Produkter,
di entweder de fairen Handel ënnerstëtzen oder ouni Schuedstoffer produzéiert gi sinn.

 

(z.B.: Bio-Liewensmëttel, fair gehandelt Moud, etc.)